– Meet Team Lëtzebuerg - Elisa Diederich

Skifuererin,  17 Joer al

 

Wat erwaarts du dir vun den EYOF Vuokatti?

Ech hunn Méiglechkeet mam Team Lëtzebuerg un engem olympesche Festival vun de Wantersportarten am Ski alpin deelzehuelen an domat eppes Eemoleges zu Vuokatti a Finland ze erliewen.

 

Wat sinn deng sportlech Ziler zu Vuokatti?

Mam optimale Encadrement vum COSL an der Skifederatioun versichen ech eng gutt Leeschtung ze bréngen a meng FIS Punkte ze verbesseren.

 

Wat sinn deng Ritualer virun der Competitioun?

Virun der Course maachen ech meng Aen zou a ginn nach eng Kéier den Parcours duerch. Ech ootmen schlussendlech eng Kéier déif an an aus, fir dann volle Pulle aus dem Starthaus ze fueren.

 

Wat bedeit et fir Dech Team Lëtzebuerg zu Vuokatti ze vertrieden?

Et ass eng grouss Éier fir mech an ech sinn ganz stolz Team Lëtzebuerg an Lëtzebuerger Faarwen am Ski alpin zou Vuokatti ze vertrieden an ech wäert mäin Bescht ginn.

 

Wien ass däin sportlechen (Wanter) Idol?

Mein Idol am Ski alpin ass Sofia Goggia aus Italien, ech kucken hat schonns säitdeem ech kleng sinn. Seng positiv Astellung, säin Optimismus, säin Selbstvertrauen esou ewéi seng Motivatioun bewonneren ech.

 

Wat wënschs du dir nach fir Zukunft?

Dass ech mat der gudder Ënnerstëtzung vun der Skifederatioun no der Covidpandemie nees ouni Restriktioune an de Bierger trainéiere an u FIS Course deelhuele kann a weiderhin meng FIS Punkte verbesseren a Lëtzebuerg gutt representéieren.

 

 

 

ElisaSkiAction2021

 

Retour