70 Joer – Josy Barthel / Helsinki 1952

26 juillet 2022

Haut op den Dag ass et 70 Joer hier, datt grouss Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwe gouf. De Josy Barthel huet zu Helsinki 1952 am 1500 m Laf déi éischt a bis Haut eenzeg Goldmedail am Sport op den Olympesche Spiller fir Lëtzebuerg gewonnen.

„Es ist der Luxemburger Josy Barthel. Und das ist eine Goldmedaille für das kleine Luxemburg. Und das war Barthel, mit dem Mann, mit dem wir an und für sich gar nicht gerechnet haben“ kommentéiert den däitschen Reporter deemools wéi de Josy Barthel iwwer d‘Ligne d’arrivée leeft.

De Grand-Duc héritier Jean hat dunn d’Éier, dem Lëtzebuerger d’Goldmedail z’iwwerreechen. E Moment, deen äis Haut nach Héngerhaut gëtt. E Moment, vun deem vill Lëtzebuerger Sportler dreemen, an déi mir op hirem Wee ënnerstëtzen.

Partager cette article sur :

Partager sur facebook
Partager sur linkedin